„Geburt ist der Moment, in dem eine Frau lernt, wie stark sie wirklich ist.“
Unbekannt
Wëll eng individuell Begleedung vun der Fra zur Mama en Häerzensthema fir mech ass.
DOULA : Begleedung virun, wärend an no der Gebuert.
HYPNOBIRHTING : Vertrauen, Entspanung a Selbstbestëmmung fir DENG GEBUERT.
DROBERODUNG : Vun Ufank u sécher, einfach a bequeem droen.
Ech sinn d’Annemarie, d'Grënnerin vun Natierlech Mama. Du wëlls méi iwwert mech wëssen? Méi Informatioune fënns de an der Rubrik "Presentatioun".
Offeren
Fir eng Douce an natierlech Approche zum mama-sinn
Doula
Eng douce a natierlech Approche vum Mama-Sinn: Emotionelle Support - Physesche Support - Qualitativ héichwäerteg Informatiounen - Support virun, wärend, an nom Accouchement.
Méi InfosHypnobirthing
Vertrauen, Selbstbestëmmung, Selbstverantwortung – Wëssen iwwert physiologesch Gebuert – Entspanungstechniken – wäertvoll Infos & Tipps fir d’Wochebett
Méi InfosDroen
Mat dem idealen Droduch oder der idealer Drohëllef fir dech an däi Bëbee gëtt d’Droe genau dat, wat et soll sinn: einfach, bequeem a sécher.
Méi InfosMother Blessing
E wonnerschéint Ritual wat no denge Wënsch a Bedierfnisser gestalt gëtt. Fir dech ze stäerken, dech op deng Gebuert anzestëmmen an denger Schwangerschaft lues awer sécher Äddi ze soen.
Méi InfosPlazenta Konscht
PlazentaFee: Plazenta-Konscht | Plazenta-Ritual
Plazenta-Ofdrock an Amnion-Mound.
Bei engem Plazenta-Ritual schafe mir zesummen däi Konschtwierk, an du kanns deng Plazenta duerno z.b. an dengem Gaart begruewen.
Urban legends
Du hues sécher scho villes héieren, hei e puer urban legends...
Annemarie Arend,
Mama vun zwee wonnerbare Kanner!
Ech sinn d’Annemarie, 39 Joer al a Mama. Ech si bestuet a liewe mat menger Famill zu Garnech. Mäi Jong ass 2021 am Spidol um Kierchbierg gebuer ginn, a meng Duechter 2023 doheem.
Als zertifizéiert Droberodering an Doula sinn ech do, fir dech duerch deng Rees ze begleeden wanns du däi Puppelchen an denger Famill wëllkomm heeschs.