Du kriss all Zorte vu Geschichten erzielt,
hei sinn e puer allgemeng Mëssverständnisser ... oder net?
Urban legends
- Duerch zevill droen verwinns de däi Bëbee…
- Hei e ganz kloeren NEE.
Du brauchs keng Angscht ze hunn däi Bëbee duerch zevill Droen ze verwinnen an dat aus verschiddene Grënn :
* Gedroe ginn gëtt dengem Bëbee e Gefill vu Sécherheet a Gebuergenheet.
* Kierperkontakt ass grad sou e Grondbedierfnis wéi z.b. Iessen, Schlofen a Propper gemaach ginn.
* Droe stäerkt ganz automatesch d’Bindung tëschent Bëbee an den Elteren.
* Däi Bëbee kënnt op d’Welt mat Instinkter déi nach aus der Steenzäit kommen. Deemools war ofgeluecht ginn nach Synonym mat Gefor.
* An der Oprechter Positioun an där däi Bëbee beim Droen ass kann seng Wirbelsail seng natierlech Fonctioun erfëllen.
* D’Räifung vun der Hëft gëtt duerch d’Droe ganz automatesch ënnerstëtzt.
* E Bëbee kann einfach nach net verwinnt ginn.
Ausserdeem ännert d’Droen sech och mat der Zäit. Et ass ganz normal datt e Bëbee vun e puer Woche ganz vill gedroe gëtt. Ee méi grousse Bëbee dee scho mobil ass an d’Welt ronderëm sech entdecke wëll wëll automatesch net méi souvill gedroe ginn.
Dro däi Bëbee soulaang a souvill wéi et sech fir iech zwee gutt ufillt. Däi Gefill an däin Instinkt soen der scho wat richteg fir iech ass.
- Et gi Bëbeeën, déi net gär gedroe ginn.
- NEEN – Bëbeeën si vun Natur aus dofir gemaach, fir gedoen ze ginn. Wann een e Bëbee ophëfft, huelen seng Been automatesch déi Positioun an wéi se och beim Droe sinn. Dës instinktiv Reaktioun weist, dass d’Droen en natierlecht Bedierfnes vun dengem Baby erfëllt.
Wann e Bëbee d’Droe verweigert, kann dëst verschidden Ursaachen hunn:
* Drohëllef passt net richteg: D’Drohëllef oder d’Droduch déi benotzt gëtt, ass net un d’Gréisst oder d’Besoine vum Bëbee ugepasst.
* Dem Bëbee kéint et ze waarm oder ze kal sinn.
* Honger: De Bëbeeë kéint hongereg sinn a brauch eppes ze iessen ier en sech an der Drohëllef gutt fillt.
* Kierperlech oder medezinesch Problemer: Wann d’Bëbeeën no verschiddenen Versich d’Droen nach ëmmer verweigeren, kann et e kierperlechen oder medezinesche Problem ginn, wéi e Blockage.
* Aner Faktore wéi de Wonsch no Beweegungsfräiheet kënnen och eng Roll spillen.
Et ass wichteg, dës verschidden Aspekter ze iwwerpréiwen, fir sécherzestellen datt d’Droe bequeem fir de Bëbee ass.
- Bëbeeën, déi vill gedoe ginn, jaitzen manner.
- JO – D’ASS RICHTEG: Kierperkontakt ass en natierleche Besoin vun dengem Bëbee, genau wéi Iessen a Schlofen. Wann Bëbeeë reegelméisseg gedroe ginn, gëtt dëse Besoin automatesch erfëllt. Am direkte Kontakt mat dir fillt däi Bëbee sech sécher a gebuergen.
Firwat ass Kierperkontakt esou wichteg?
Zefriddestellung vu primäre Besoine: D’Droen deckt e primäre Besoin vum Bëbee, wat d’Jaitzen a Kräische reduzéiere kann déi kënnen optrieden, wann dëse Bedürfnis net erfëllt ass.
Sécherheet an Trouscht: De permanente Kontakt mat engem Elterendeel oder enger anerer Vertrauenspersoun hëlleft e berouegend Ëmfeld fir däi Bëbee ze schafen.
Andeems de däi Bëbee dacks dréis, dréis de zu sengem emotionalen a physesche Wuelbefanne bei, andeems de dëse fundamentale Kierperkontakt-Besoin erfëlls. Dëst kann och de Stress an d’Angscht vum Bëbee reduzéieren, an e méi roueg an entspaant maachen.
- E Baby ka réischt um Réck gedroe gi wann e bis selwer sëtze kann.
- NEEN – Mat der richteger Technik kann och e ganz jonk Bëbee, oder souguer en Neigebuerenen, sécher a komfortabel um Réck gedroe ginn. Dëst ka verschidde Virdeeler bidden a verschidde Besoinen erfëllen:
Virdeeler vum Droen um Réck:
Zwillingen : Fir Famillje mat Zwillingen ass et dacks praktesch, ee vun de Bëbeeë vun Ufank un um Réck ze droe fir et ze erméiglechen sech méi einfach gläichzäiteg ëm déi zwee Kanner ze këmmeren.
Postnatal Depressioun: D’Droen um Réck kann e wichtege Moyen si fir Mammen déi ënner enger postnataler Depressioun leiden, andeems et de Kierperkontakt erliichtert an d’Verbindung zum Bëbee stäerkt.
Geschwëster : Wann eng Mamm scho méi al Kanner huet, erlaabt d’Droen um Réck sech méi einfach ëm d’Geschwëster Kand ze këmmeren, wärend de Bëbee no bei hier ass.
Haushalt: D’Droen um Réck kann den Haushalt vereinfachen, andeems et méi Fräiheet an der Beweegung a méi Confort bitt.
Wanns de déi passend Technik benotzt, kanns de däi Bëbee sécher um Réck droen, wärends de vun deene prakteschen an emotionale Virdeeler vun dëser Method profitéiers.
- E Bëbee kann an engem elasteschen Droduch bis zu engem maximale Gewiicht vu 6 kg gedroe ginn.
- NEEN – E Bëbee kann an engem elasteschen Droduch gedroe ginn, soulaang et angeneem fir d’Mamm an de Bëbee ass. Wichteg ass et, e Stoff vu gudder Qualitéit ze wielen an déi richteg Technik unzewenden.
Wichteg Punkte:
Wiel vum Stoff: D’Qualitéit vun elastesche Stoffer kann immens variéiere jee no Hiersteller. Et ass wichteg, e Stoff ze wielen, dee genuch Support fir dech an däi Bëbee bitt.
Technik : E gutt Beherrsche vun der Technik ass wichteg fir de Confort an d'Sécherheet vum Bëbee ze garantéieren. Hei muss onbedéngt déi passend Technik ugewant ginn.
Mat deem richtegen Duch an der richteger Technik, kanns du dengem Bëbee eng komfortabel an agreabel Erfarung am elasteschen Duch bidden an dat soulaang et fir iech zwee angeneem ass.