Natierlech Mama,
Fir eng douce an natierlech Approche vum Mama-Sinn
Presentatioun
Natierlech Mama, ass deng Plaz, wous de dech als schwanger Fra a frëschgebake Mama sécher, nogelauschtert an gutt begleed fillen kanns. Meng Begleedung ass personaliséiert fir deng Bedierfnisser ze erfëllen.
Ech weess aus Erfahrung, dass dës magesch Phase vum Liewen net ëmmer einfach ass. Et ginn vill « Urban Legends »an falsch Informatiounen, déi hartnäckeg weiderbestoe.
Du bass esou glécklech iwwer deng Schwangerschaft an voller Virfreed. Awer ganz séier wäerts de mierken, datt jiddereen der seng Meenungen iwwer all Aspekter vun der Schwangerschaft, der Gebuert an der Erziehung erziele wëll. Dës Informatioune widerspriechen sech oft, wat frustrant an demotivéierend ka sinn.
Weiderhin droen eis Mediën dozou bei, Usichten ze verbreeden, déi d'Realitéit net reflektéieren.
Mäin Zil ass et, schwangere Fraen an jonke Mammen Vertrauen zréckzeginn. Vertrauen an hire Kierper, an hir Instinkter an an hire Bëbee.
Natierlech Mama bitt eng komplett Begleedung während der Schwangerschaft, der Gebuert an deenen éischten Wochen mat dengem Bëbee.
Annemarie Arend,
Grënnerin vun Natierlech Mama
Mäi Numm ass Annemarie. Meng Schwangerschaften, Gebuerten a mäi Liewen als frësch gebake Mama hu mech immens beaflosst. Ech hunn e richtegen Enthusiasmus an eng Passioun fir Theme wéi natierlech Gebuerten, physiologescht Droe vu Kanner, Stëllen an nach villes méi entdeckt. Mäin Jong, den Emil, ass 2021 am Spidol um Kierchbierg gebuer, a mäi Meedchen, d’Nelly, ass 2023 Doheem gebuer.
Ech sinn zertifizéiert Droberoderin, Doula a proposéieren Hypnobirthing-Coursen.
An menger Fräizäit genéissen ech et, Zäit mat menge Kanner, menger Famill a menge Frënn ze verbréngen. Ech sinn eng grousse Lieserin, gi gäre wanderen, reese gären an hu viru kuerzem eng nei Passioun entdeckt fir d’Gärtneren am Hochbeet.
Op Video
Ech stellen mech vir...
Kompetenzen
Meng Formatioun
Droberoderin
Ech sinn zertifizéiert Droberoderin säit August 2024 (zertifizéiert vun der renomméierter "Trageschule Hamburg").
Doula
Ausgebilten Doula. Ech freeë mech, dir verschidden Doula-Servicer unzebidden.
Hypnobirthing
Ech sinn ausgebilt, fir dir "Hypnobirthing" Gebuertsvirbereedungscoursen unzebidden. Hypnobirthing ass eng douce a natierlech Gebuertsvirbereedung, déi Otemtechniken, Visualiséierung, Massage a vill aner Methode benotzt.
Sécher a kinesthetesch Bëbee-Manipulatioun:
Sécher Manipulatioun vum Bëbee bedeit, en op eng Manéier ze droen, ze beweegen an ze manipuléieren, déi seng Sécherheet a säi Confort garantéiert. Kinesthetesch Bëbee-Manipulatioun respektéiert d’natierlech Beweegunge vum Bëbee, ënnerstëtzt de Kierper a fërdert d'aktiivt Matmaache vum Bëbee.