Hypnobirthing : Vertrauen, Entspanung a Selbstbestëmmung fir DENG GEBUERT.

Gebuert ass DE MOMENT vun dengem Liewen ; den alleréischte Gebuertsdag vun dengem Kand.

All Gebuert ass eenzegarteg, et ass et also derwäert sech fréi mam Thema auseneen ze setzen. Vir ouni Angscht mee dofir mat ganz vill  Zouversiicht, Selbstvertrauen a Virfreed duerch de Prozess vun der Gebuert ze goen.

Ech sinn der déiwer Iwwerzeegung datt Fraen eng Gebuert aus eegener Kraaft, ouni awierke vu baussen erliewe kënnen. Ech hunn dat selwer zwee mol dierfen erliewen (eng Kéier am Spidol an eng Kéier Doheem). 

Gebuert ass e ganz natierleche Prozess, näischt Pathologesches. 

Mäin Ziel am Hypnobirthing-Kuer ass et all (zukünfteg) Mamm rëm an d’Vertrauen  ze bréngen. Vertrauen an hire Kierper, hire Bëbee an an den natierleche Gebuertsprozess.

Ech vergläichen de Kuer ëmmer gäre mat enger Faarw-Palette : all Fra kritt déi selwecht Faarwe mat op de Wee a moolt domat hiert ganz individuellt Bild.

Iwwert wat gëtt konkret am Kuer geschwat :

  • Physiologie bei der Gebuert (wéi schaffen d’Muskelen an d’Hormoner)
  • Eng positif Astellung zur Gebuert
  • Wéi de Wéih bei de Kontraktiounen der hëlleft a firwat en net mat all Mëttel soll ausgeschalt ginn
  • De Gebuertsverlaaf (wat sinn déi verschidden Etappe vun der Gebuert)
  • D’Roll vun denger Gebuertsbegleedung a firwat déi Roll sou wichteg ass
  • Efficace a respektvoll Kommunikatioun mam medezinesche Personal
  • Firwat ass d’Ëmfeld an deem däi Kand op d’Welt kënnt sou wichteg
  • Preparatioun vun dengem Partner / denger Partnerin op hier Roll wärend der
  • Gebuert (mat engem nëtzlech Memo fir d’Partner/In)
  • Mir schwetzen iwert d’WocheBETT. Wéi kanns de dës Zäit preparéiere vir datt et sou stressfräi wéi méiglech gëtt. Firwat ass dës magesch Phase sou wichteg fir d’Bindung mat dengem Bëbee, fir dech a fir däi Kierper
     

Wéi eng Tools kriss de mat op de Wee :

  • Otemtechniken
  • Meditatiounen
  • Visualisatiounen
  • Ankeren
     

Mat abegraff am Präis vum Kuer sinn :

  • E Workbook mat villen nëtzlechen Infos a vill Platz fir deng eege Gedanken. Sou kanns de dech ganz op de Kuer konzentréieren a brauchs net alles matzeschreiwen.
  • Selwer ageschwaten Meditatioune fir dech virun a wärend der Gebuert ze ëntspaanen. 
     

Reservéier deng Platz fir e Gruppe-Kuer hei: 

Reservéieren

Du wënschs der en individuelle Kuer:

Kontaktéier mech

FOTOEN - e klengen Abléck