Physiologescht Droe
vu Bëbeeën a Kanner
Fir mech ass d’Droen eng schéin, wichteg a scho bal magesch Erfarung. Ech hunn d’Virdeeler vum Droe mat mengen zwee Kanner entdeckt wat mech immens begeeschtert huet.
Kuerz no der Gebuert vu mengem Jong hunn ech ugefaang hien an engem elasteschen Duch ze droen, wat him oft gehollef huet sech ze berouegen. Wéi hien e bësse méi grouss ginn ass, hunn ech eng "Wrap Conversion" benotzt, an där ech hie bis zu sengem éischte Gebuertsdag gedroen hunn.
Mat menger Duechter hunn ech direkt nom Gebuerts ugefaang ze droen. Am Ufank hunn ech e gewiewtent Duch benotzt an, obwuel ech geduecht hunn ech géif d’Bannen gutt beherrschen, hunn ech decidéiert eng Droberodung ze maache fir mäi Wëssen ze verdéiwen. Dës Berodung huet mir gewisen, dass et nach vill ze léiere gëtt iwwer d’Droen am Duch. Ech sinn ëmmer méi virwëlzeg ginn, an esou hunn ech decidéiert selwer d’Ausbildung als Droberoderin ze maachen.
Ech hu meng Ausbildung bei der "Trageschule Hamburg" am Mäerz 2024 ugefaangen an hu meng Zertifizéierung am August 2024 kritt.
Haut wëll ech Elteren hëllefen déi Technik ze fannen, déi perfekt zu hire Bedierfnesser an deene vum hirem Bëbee passt.
Mat deem idealen Droduch oder der idealer Drohëllef gëtt d’Droe genau dat wat et soll sinn: einfach, bequeem a sécher.
Firwat droen?
Bëbeeën hunn d’Droen immens gär, well et hir instinktiv Bedierfnesser erfëllt. Bei der Gebuert kënnt däi Bëbee mat Instinkter aus der Steenzäit op d’Welt a versteet nach net, dass d’Ëmfeld an deem dier lieft sécher an. Fir däi Bëbee ass et automatesch eng Bedrohung wann hien ofgeluecht gëtt. Dat ass och de Grond firwat Bëbeeën sech oft direkt berouege wann een se op den Aarm hëlt.
D’Droen ass déi ideal Léisung fir déi natierlech Bedierfnesser vun dengem Bëbee ze erfëllen an him Sécherheet a Confort ze bidde wärend deems hie ganz no bei der ass.
Vun/bis Wéini kann een droen?
- Vun Gebuert un, och fréigebuere Bëbeeë kënne gedroe ginn.
- Keen Alters- oder Gewiichtslimit: Droe kann un all Wuesstem-Stadium vun dengem Kand ugepasst ginn.
Virdeeler vum Droen:
- Gefill vu Sécherheet: Droe vermëttelt dengem Bëbee e Gefill vu Sécherheet a Confort.
- Manner Kräischen: Bëbeeën déi gedroe gi kräische manner.
- Stäerkung vum der Bindung: D’Band tëscht Mama a Bëbee gëtt automatesch gestäerkt.
- Fir adoptéiert Bëbeeën: Ideal fir d’Bindung tëschent den Elteren an hirem Bëbee ze stäerken.
- Praktesch Léisung fir d’Elteren: Droe gëtt den Eltere méi Fräiheet.
- Abanne vum Papa: De Papa (oder eng aner vertraute Persoun) kann de Bëbee droen, sou dass d’Mama eng Pause kritt.
- Entlaaschtung vum Réck: Droe kann de Réck vun den Elteren entlaaschten.
- Sensoresch Stimulatiounen: All d’Sënner vum Baby gi stimuléiert.
- Entwécklung vun der Hëft: D’Hëftentwécklung gëtt optimal ënnerstëtzt.
- Funktioun vun der Wirbelsail : D’Wirbelsail kann hier natierlech Pufferfonktioun erfëllen.
Firwat eng Droberodung bei mir?
- Zertifizéierung: Zënter August 2024 sinn ech zertifizéiert Droberoderin vun der "Trageschule Hamburg".
- Grouss Auswiel un Dicher an Drohëllefen: Ech hëllefen der, dat ideaalt Droduch oder déi ideal Drohëllef aus mengem Sortiment rauszesichen.
- Perséinlech Berodung: D’Berodung am Droen ass wéi e personal Trainer am Fitness; Duerch Videoe kanns de vill léiere mee näischt ersetzt d’Hëllef vun engem Profi.
- Spuert Geld a Frust: Dat richtegt Duch oder Drohëllef direkt am Ufank ze fannen hëlleft der de Kaf vun engem net passende Modell a Frustratioun ze vermeiden.
Wéi funktionéiert eng Berodung?
Wou:
- An menger Berodungsstiffchen.
- Bei dir Doheem.
Dauer:
- Plang 1 bis 2 Stonne fir d’Berodung.
Virdrun:
- Ech schécken der e Berodungsformulär fir auszefëllen.
- Wanns de no enger spezieller Drohëllef oder engem Droduch sichs dat nach net a mengem Sortiment ass, so mir dat am Viraus (ech versiche fir et fir dech z’organiséieren).
D’Berodung selwer:
- E kuerzen Ausfluch an d’Theorie.
- Demonstratioun vun der sécherer a kinesthesescher Handhabung vum Bëbee.
- Auswiel vum idealen Duch oder Drohëllef.
- Du kriss gewise wéis de d’Drohëllef un dech an däi Bëbee upass.
- Ech weisen der dat richtegt Bannen vum Duch oder d’Uleeën vun der Drohëllef.
- Mir übe mat enger vu mengen Dropoppen.
- Du bënns mat dengem eegene Bëbee.
No der Berodung:
- Du kriss eng Erënnerungs-Email mat de wichtegsten Informatiounen.
- Du kriss e Video iwwer Technik fir déits de dech entscheet hues.
- Ech bleiwen disponibel iwwer WhatsApp oder Email bis zu 3 Wochen no der Berodung fir all Froen.
- Du kann en Droduch oder eng Drohëllef kuerzfristeg ausléine wann noutwenneg.
- Du kanns vu Reduktioune beim Kaf vun engem Droduch oder enger Drohëllef bei verschiddenen Produzente profitéieren no der Berodung.
De Präis?
- 75 EUR fir déi éischt Stonn (15 EUR fir all zousätzlech Véierel-Stonn).
- Kilometergeld (0,30 EUR pro Kilometer) wanns de méi wéi 10 km vu Garnech ewech wunns.
Offer speziell fir schwanger Fraen
Du bass schwanger a wëlls d'Welt vum Droen entdecken? Dann ass dës Offer perfekt fir dech.
Profitéier vun der avantagéiser Offer « Speziell fir schwangere Fraen ».
Dëse Präis enthält:
- Eng Berodung wärend der Schwangerschaft: Ech erklären dir alles, wat's du wësse muss, fir däi Bëbee op eng einfach, bequeem a sécher Manéier ze droen. Du kanns an aller Rou verschidden Drodicher an Drohëllefenausprobéieren.
Dauer vun der Seance: bis zu 1,5 Stonn - Eng Berodung no der Gebuert, zesumme mat dengem Puppelchen: Ech beäntweren all deng Froen, an zesumme passe mir d’Droduch oder d’Drohëllef esou un, datt se optimal un dech an däi Bëbee ugepasst ass.
Dauer vun der Seance: bis zu 1,5 Stonn
Präis vun der Offer « Speziell fir schwangere Fraen »: 150 EUR (fir déi zwou Berodungen)