Eng Doula fir eng
douce an natierlech Approche zum Mama-Sinn.
Den Ausdrock DOULA kënnt aus dem ale Griicheschen a bedeit „Déngerin“ oder „Fra, déi déngt“. Haut bezeechent een als DOULA eng Gebuertsbegleederin, déi meeschtens selwer scho Kanner kritt huet.
Wärend der Virbereedung op d’Gebuert vu menger Duechter am Joer 2023 hunn ech déi wichteg Roll vun enger Doula entdeckt a gemierkt, wéi wäertvoll hir Ënnerstëtzung fir schwanger Fraen a frëschgebake Mammen ass.
Den empathesche Support vun enger Doula ka villfälteg hëllefen: Stress reduzéieren, Vertraue stäerken, Ängschte bewältegen, a villes méi.
Du wënschs der eng individuel an empatesch Begleedung virun, wärend an no denger Gebuert?
Servicer, déi ech dir als Doula ubidden
Virun der Gebuert:
- Ënnerstëtzung beim Ausschaffe vun dengem Gebuertsplang
- Massagen, Meditatioune fir däi Wuelbefannen
- Techniken aus dem Hypnobirthing
- Mother Blessing
Gebuertsbegleedung :
- Ruffbereetschaft a Begleedung wärend der Gebuert
*Ruffbereetschaft : wärend 4 Wochen (2 virum errechentem Gebuertsdatum an 2 Wochen duerno) 24/24 7/7.
**Begleedung wärend der Gebuert : egal wéi laang d’Gebuert dauert. Du kanns mech uruffen ab dee Moment wous de mech brauchs an ech bleiwe bei der bis däi Bëbee op der Welt ass
No der Gebuert
- e wäertfräit Gespréich iwwert däi Gebuertserliewniss
- Massage, Meditatioune fir däi Wuelbefannen
- Ganz allgemeng Hëllef an dengem neien Alldag als Mama
- Plazenta Konscht / Amnion Monde
Firwat mech als Doula engagéieren?
- Zertifizéiert: Ech sinn zertifizéiert Doula vun der „Mamakompass Akademie“ an Däitschland.
- Holistesch Approche: Meng Ënnerstëtzung deckt d’Schwangerschaft, d’Gebuert an déi éischt Woche mat dengem Bëbee of, a bitt sou eng kontinuéierlech Begleedung.
- Vertrauensbezéiung: Wanns de mech fir deng Gebuert engagéiers profitéiers de vun enger Vertrauensbezéiung, well mir d’Geleeënheet haten eis virun der Gebuert kennenzeléieren.
- Kontinuéierlech Präsenz: Am Géigesaz zu den Hiewanen am Spidol, déi wärend denger Gebuert wiessele kënnen, sinn ech just fir dech do an dat egal wéi laang deng Gebuert dauert.
- Wuelfill Ëmfeld: Ech kann hëllefen, en agreabelt a séchert Ëmfeld fir d’Gebuert vun dengem Bëbee ze schafen.
- Ënnerstëtzung vum Partner: Ech ënnerstëtzen och däi Partner wärend dem ganze Prozess.
E puer Statistiken
- 39% Reduktioun vun der Kaiserschnëttquote.
- 25% Reduktioun vun der Dauer vun der Gebuert.
- 60% Reduktioun vun der Nofro no enger Peridurale.
Fir ween ass d’Ënnerstëtzung vun enger Doula geduecht?
- Fir all Fra, déi sech eng douce a natierlech Approche fir hier Gebuert wënscht.
Fir déi, déi wëlle kontinuéierlech vun enger Vertrauenspersoun begleet ginn : virun, wärend an no der Gebuert. - Fir Fraen, déi keng Begleedung fir hirer Gebuert hunn oder zousätzlech vun enger experimentéierter Persoun wëlle begleet ginn
- Fir déi, déi hire Kierper besser kenne léieren, a wësse wëlle wéi se mat Stress a Péng op natierlech Aart a Weis wärend der Gebuert kënnen ëmgoen.
Wat mécht eng Doula net?
- Medezinesch Begleedung: Eng Doula ersetzt net d’Betreiung duerch eng Hiewan oder Gynekologin. Hir Roll ass et, dës Servicer ze ergänzen.
- Medezinesch Interventiounen: Si bitt keng medezinesch Fleeg oder spezifesch medezinesch Berodung un.