Mother Blessing
Wonnerschéin Zeremonie fir den Iwwergang vun der Fra zu der Fra & Mamm ze féieren
Déi schéinsten Aart a Weis denger Schwangerschaft Äddi ze soen an dech schonn sou lues a lues op d’Gebuert anzestëmmen.
Mother Blessing bedeit "Segnung der Mutter" an ass vun uralen Traditioune vun de Navajo ( engem alen indigene Vollek an Nord-Amerika) inspiréiert.
Wat ass dat?
An dëser Zeremonie gëtt déi zukünfteg Mama geféiert. Déi schwanger Fra ka lues awer sech hirer Schwangerschaft Äddi soen an sech op déi bevirstoend Gebuert astëmmen.
D'Zeremonie gëtt am Krees vun denge Léifste geféiert a ganz no dengem Goût gestallt.
Wat kann ech mer ënnert sou enger Zeremonie virstellen?
Deel dovu kënnen z.b. sinn :
- Gebuertskerz gestalten
- Roude Fuedem deen dech mat denge Léifste bis no der Gebuert verbënnt
- Wochebett-Bréiwer
- Schwangerschaftsbauch bemolen (z.b. mat Henna)
- Erziele vu positive Gebuertsgeschichte
- Rousewaaser seenen
Denger Fantasie sinn hei keng Limite gesat.
Wou:
- Bei dir Doheem
- An der Natur
- Oder iwwerall do wou et sech vir dech richteg ufillt
Dauer:
- 3 bis 4 Stonnen
Wéini:
- Am beschten sou em déi 35. Schwangerschaftswoch
Wien kann drun Deel huelen:
All Persoun déis du wëlls wëllkomm heeschen.
Dat kënnen z.b. sinn:
- déi beschte Frëndin'en
- d’Famill (mat denger Mamm, Boma, asw )
- an der Koppel
- all aner Persounen déis du wëlls derbäi hunn
De Präis?
395 EUR (Planung an Duerchféierung vun der Zeremonie).
N.B.: En eventuelle Buffet zum Schluss vun der Zeremonie ass net mat abegraff.
Kilometergeld: 0,30 EUR de km fir all Deplacement méi wéi 10km vu Garnech ewech