Plazenta: Konscht | Ritual | 

 

Zënter menger Doula-Ausbildung 2024 fesselt mech d’Plazenta op eng ganz besonnesch Aart a Weis.

Ouni Plazenta, keen neit Liewen. Si ass dat éischt Doheem vun dengem Bëbee – si nährt, schützt a verbënnt dech mat dengem Kand wärend der ganzer Schwangerschaft.

Awer wat geschitt dono? Dachs gëtt d’Plazenta nom Check vun der Hiewan als medezineschen Offall entsuergt – ouni grouss Bedeitung ze kréien.


Dobäi war dat net ëmmer esou – a vill Kulturen op der Welt erhält d’Plazenta nach ëmmer eng ganz héich symbolesch a spirituell Bedeitung.

 

Sou gëtt d'Plazenta z.b. als:

  • „Zwilling vum Bëbee“
  • „baussenzeg Séil“
  • „Doppelgänger“ 
  • "Schutzengel“

bezeechent. Ass dat net eng wonnerbar Virstellung?

 

D’Plazenta gëtt a ville Kulture mat Respekt an Dankbarkeet behandelt – a mat engem Ritual zeréck un d’Natur ginn: duerch Begruewen, Verbrennung oder e symbolesche Geste.

 

Ech wënsche mir, datt och mir rëm léieren, d’Plazenta ze éieren a si als dat erkennen, wat se ass: en eenzegaartegt Symbol vum Liewen.

Plazenta-Konscht – e kreativen a spirituellen Ausdrock

D’Plazenta ass net nëmmen en organescht Wonnermëttel, mee kann och Quell vun Inspiratioun sinn.

Wéi kann ee kreativ mat der Plazenta schaffen?

  • Plazenta-Ofdrock – e Bild, fräi no dengem Goût
  • Amnion-Mound – d’Fruuchtbloos gëtt gedréchent a formt e Mound oder Hallefmound als staarkt Symbol fir déi weiblech Uerkraaft.
  • Traumfänger – aus der Nuebelschnouer gezaubert, als Schutzsymbol fir däi Kand.

 

Wanns du der sou en eenzegaartegt Erënnerungsstéck wënschs, da mell dech gäre bei mir. 

Wéi eng Méiglechkeete hues de:

  • Mir kënnen zesummen däi Konschtwierk gestalten
  • Du iwwergëss mer deng Plazenta ganz vertrauensvoll a léis mech eppes no denger Virstellung fir dech zauberen 

Egal wéi's de dech entscheets – deng Plazenta gëtt vu mir mat vill Respekt, Dankbarkeet a Léift behandelt.

Plazenta-Ritual – e bewossten Ofschloss

E Ritual ronderëm d’Plazenta kann en déiwe Moment vu Verbindung, Dankbarkeet a Lassloosse sinn – e bewosst Ofschléisse vum Gebuertskapitel an e symbolesche Start an deng nei Roll als Mamm.


Du wënschs der e Plazenta-Ritual?

Gären begleeden ech dech bei dësem perséinlechen an oft och ganz emotionale Moment – mat Rou, Empathie a Respekt.

Bestanddeel dovu ka sinn:

  • Erklärung vun der Plazenta, Nuebelschnouer a Fruuchtbloos
  • Kreatiivt Gestalten (z. B. Ofdrock oder Konschtwierk)
  • Begruewen, verbrennen oder kombinéiert mat engem Bam planzen – als Symbol fir neit Liewen, dat aus denger Plazenta ëntstoen duerf.

Mell dech gäre bei mir. Zesumme gestalte mer deng ganz individuell Zeremonie. Alles duerf sinn, näischt muss sinn.

E klengen Abléck a meng Aarbecht