Meng Offeren
Fir eng douce an natierlech Approche vum MAMA-SINN
Droen
Mat dem idealen Droduch oder der idealer Drohëllef fir dech an däi Bëbee gëtt d’Droe genau dat, wat et soll sinn: einfach, bequeem a sécher.
Méi InfosDoula
Eng douce a natierlech Approche vum Mama-Sinn: Emotionelle Support - Physesche Support - Qualitativ héichwäerteg Informatiounen - Support virun, wärend, an nom Accouchement.
Méi InfosStock Drodicher/Drohëllefen
Eng grouss Auswiel un Drodicher, Drohëllefen an anere Materialie steet zu denger Verfügung. Zéck net, fir mech em Rot ze froen.
Méi InfosMother Blessing
Déi schéinsten Aart a Weis denger Schwangerschaft Äddi ze soen an dech schonn sou lues a lues op d’Gebuert anzestëmmen.
Méi InfosQualitiativ héichwäerteg Servicer
Fir der qualitativ héichwäerteg Servicer ze bidden, engagéieren ech mech fir permanent Weiderbildung ze maachen. Momentan bidden ech eng Pallette vu Servicer, déits de hei entdecke kanns. Zousätzlech kommen et an den nächste Méint nach aner Servicer derbäi.
Wat ech ubidden:
- Droberodung
Ech hëllefen der dat richtegt Droduch / déi richteg Drohëllef fir dech an däi Bëbee erauszesichen a léieren dech séchert, bequeemt an einfacht Droen. - Doula Begleedung
Als Doula bidden ech der emotionalen a praktesche Support wärend der Schwangerschaft, der Gebuert an den éischte Woche mat dengem Bëbee. Mäin Zil ass et, dech mat Empathie an ouni Urteel ze begleeden, fir dass du dës Zäit sou entspaant wéi méiglech erliewe kanns. - Hypnobirthing
Eng ganz Pallette u Methode fir dech mat Technike wéi Ootmungen, Meditatiounen, Visualisatiounen, op eng natierlech Gebuert ze preparéieren. Du kanns all Gebuert just eng Kéier erliewen, et ass et also derwäert sech fréi mam Thema auseneen ze setzen. - Mother Blessing
E wonnerschéint Ritual dat den Iwwergang vun der Fra zur Fra & Mamm féiert. Déi schéinsten Aart a Weis senger Schwangerschaft Äddi ze soen a sech op déi bevirstoend Gebuert anzestëmmen. Dës Zeremonie gëtt am Krees vun denge Léifste geféiert.
Ech sinn hei, fir all deng Froen ze beäntweren, individuell Rotschléi ze ginn an dech op dësem schéiner Rees an d’Mama-Sinn ze begleeden. Fill dech fräi, mech ze kontaktéieren, fir ze beschwätzen, wéi ech der hëllefe kann däi Bëbee als neie Member a vun denger Famill mat vill Freed ze begréissen.
Annemarie Arend,
Mama vun zwee wonnerbare Kanner!
Ech sinn zertifizéiert Droberoderin an Doula. Ech si begeeschtert Familljen ze begleede wa sie hire Puppelche kréien. Meng Roll ass et dir personaliséiert an empathesch Ënnerstëtzung wärend dëser eenzegaarteger Aventure ze bidden.
Zéckt net, fir mech ze kontaktéieren, fir ze diskutéieren, wéi ech dech wärend dëser opreegender Phase begleede kann.