Workshop - Droe vun engem neigebuerene Bëbee
Droen

Vun Ufank un einfach, sécher a bequeem droen

Du wëlls léieren däi Bëbee ab Gebuert ze droen ? Da bass de hei genau richteg.

 

Droen ass vill méi wéi eng praktesch Léisung am Alldag.

Et schaaft Verbonnenheet, Vertrauen a Sécherheet  fir dech an däi Bëbee.

Mir huele eis Zäit, fir d’Welt vum droen zesummen ze entdecken.

 

Wat erwaart dech:

  • Wourop et beim Droen wierklech ukënnt
  • Kinesthétescht a séchert Ëmgoe mat dengem Bëbee
  • Iwwersiicht iwwer Drohëllefen, déi scho vun der Gebuert u gëeegent sinn
  • Praktescht Banne vun engem elasteschen Droduch
  • Kenneléiere a Uleeë vu verschiddenen Drohëllefen
     

Du kanns de Workshop schonn wärend denger Schwangerschaft besichen oder zesumme mat dengem Bëbee – esou wéi et fir dech passt.

 

Praktesch Detailer:

  • Wou: Centre Lunata, Bartreng
  • Klenge Grupp: maximal 6 Leit
  • Auerzäit: 10h00 – 11h30
  • Virkenntnisser: keng néideg
  • Sprooch : lëtzebuergesch, englesch, franséisch  (jee no Bedierfnisser vun deene verschiddene Mammies am Grupp)
     

Ech freeë mech drop dech kennen ze léieren an dir d’Droen méi no ze brengen.

49,50 €
1h30
11/02/2026
Reservéieren