Workshop - Droe vun engem neigebuerene Bëbee
Droen
Vun Ufank un einfach, sécher a bequeem droen
Du wëlls léieren däi Bëbee ab Gebuert ze droen ? Da bass de hei genau richteg.
Droen ass vill méi wéi eng praktesch Léisung am Alldag.
Et schaaft Verbonnenheet, Vertrauen a Sécherheet fir dech an däi Bëbee.
Mir huele eis Zäit, fir d’Welt vum droen zesummen ze entdecken.
Wat erwaart dech:
- Wourop et beim Droen wierklech ukënnt
- Kinesthétescht a séchert Ëmgoe mat dengem Bëbee
- Iwwersiicht iwwer Drohëllefen, déi scho vun der Gebuert u gëeegent sinn
- Praktescht Banne vun engem elasteschen Droduch
- Kenneléiere a Uleeë vu verschiddenen Drohëllefen
Du kanns de Workshop schonn wärend denger Schwangerschaft besichen oder zesumme mat dengem Bëbee – esou wéi et fir dech passt.
Praktesch Detailer:
- Wou: Centre Lunata, Bartreng
- Klenge Grupp: maximal 6 Leit
- Auerzäit: 10h00 – 11h30
- Virkenntnisser: keng néideg
- Sprooch : lëtzebuergesch, englesch, franséisch (jee no Bedierfnisser vun deene verschiddene Mammies am Grupp)