HYPNOBIRTHING (op lëtzebuergesch)
Hypnobirthing

Hypnobirthing heescht virun allem: Vertrauen.

Vertrauen an dech, an däi Kierper an an deng Fäegkeet, deng eegen Entscheedungen um Wee ronderëm d'Gebuert vun dengem Bëbee ze treffen.

An dësem 12-Stonne-Kuer kriss du Wëssen a konkret Tools mat op de Wee, déi dir hëllefen, deng Gebuertrees mat méi Rou, Vertrauen a Virfreed entgéingt ze goen.

 

Mir beschäftegen eis ë.a. mat:

  • dem Oflaf vun der Gebuert an deem, wat an dengem Kierper geschitt
  • Otem-, Entspanungs- a Visualiséierungstechniken
  • Tools, déi dir hëllefen, Rou ze fannen an zentréiert ze bleiwen
  • dengen Selbstbestëmmung an ënnerschiddleche Situatiounen ze fannen
  • der Roll vun denger Begleetpersoun
  • dem Zesummespill vu Angscht, Uspannung an Empfindungen
     

Et geet net ëm eng „perfekt“ Gebuert oder dorëms, datt alles no engem bestëmmte Plang verleeft. Et geet dorëms, datt du dech informéiert, zouversiichtlech a gestäerkt fills, fir däin eegene Wee ze goen.

 

12 Stonnen – 4 Seancë vun jee 3 Stonnen

  • 06/10/2026: als Koppel
  • 13/10/2026: nëmme fir déi schwanger Fraen
  • 27/10/2026: als Koppel
  • 03/11/2026: nëmme fir déi schwanger Fraen

 

Auerzäit: 17:30 – 20:30
Plaz: 25, rue de la libération MAMER
Klenge Grupp: maximal 4 schwanger Fraen

 

Hues du nach eng Fro, éiers du reservéiers? Mell dech gär bei mir.

 

450 €
12h
06/10/2026
Reservéieren