Doula BEGLEEDUNG
Doula
Virun, wärend an no denger Gebuert
All Fra, all Gebuert an all Famill ass anescht. Meng Begleedung riicht sech no dir, denge Bediernisser.
Ech sinn mat Rou, Empathie a Kontinuitéit un denger Säit, fir dech dobäi z'ënnerstëtzen, däin eegene Wee mat Vertrauen ze goen.
Ech ginn dir däi Wee net vir, ech ginn e mat dir.
Komm mir léieren eis fir d'éischt mol kennen
D'Relatioun mat denger Doula ass eppes ganz Perséinleches. Dofir proposéieren ech dir en éischt, onverbindlecht Gespréich, bei engem Kaffi oder engem klenge Spadséiergang.
Sou kënne mir eis kenne léieren, iwwer deng Bedierfnisser schwätzen a kucken, ob de Feeling passt.
Kontaktéier mech fir däi Kenneléiergespréich ze buchen.
Ech freeë mech drop dech kennen ze léieren.
Kontaktéiert mech