Droen - déi verschidden Drohëllefen
Droen
Wëlls de léieren, wéi's de däi Bëbee einfach, sécher a bequeem droe kanns?
Du bass ganz verluer an dem Dschungel vu Fullbuckle, Halfbuckle a Co.?
Dann ass dëse Workshop genee richteg fir dech – egal ob's de schonn Erfarung hues oder nach ganz nei am Thema droen bass.
Zesummen entdecken mir déi verschidde Drohëllefen:
- Fullbuckle
- Halfbuckle
- Wrap Conversion
Ech weisen der, wéi's de däi Bëbee um Bauch, op der Hëft an um Réck droe kanns – ëmmer dem Alter an de Besoine vun denger klenger Maus ugepasst.
- Wou: Centre LUANTA zu Bartreng
- Fir: schwanger Fraen a Mammen/Pappen mat hirem Bëbee.
Limitéiert Platzen (max. 4 Persounen)