Droen - déi verschidden Drohëllefen
Droen

Wëlls de léieren, wéi's de däi Bëbee einfach, sécher a bequeem droe kanns?
Du bass ganz verluer an dem Dschungel vu Fullbuckle, Halfbuckle a Co.?

Dann ass dëse Workshop genee richteg fir dech – egal ob's de schonn Erfarung hues oder nach ganz nei am Thema droen bass.

 

Zesummen entdecken mir déi verschidde Drohëllefen:

  • Fullbuckle
  • Halfbuckle
  • Wrap Conversion
     

Ech weisen der, wéi's de däi Bëbee um Bauch, op der Hëft an um Réck droe kanns – ëmmer dem Alter an de Besoine vun denger klenger Maus ugepasst.

  • Wou: Centre LUANTA zu Bartreng
  • Fir: schwanger Fraen a Mammen/Pappen mat hirem Bëbee.

Limitéiert Platzen (max. 4 Persounen)

55,50 €
2h
22/05/2025
Reservéieren

Fotoen
Besser wéi laang Rieden